Choisissez votre lieu de vie
Nos maisons répondent à des besoins d’encadrement différents
Afin de pouvoir choisir la bonne maison, il est indispensable de prendre en compte le degré d’autonomie des futurs résidents car nos maisons répondent à des besoins d’encadrement différents.
Sélectionner une maison
15
maisons
Suivez nous sur Facebook
Kommt eis vun haut bis e Samschdeg am Cactus Howald besichen!
Eis Maison des aînés Beim Klouschter (Howald) ass do zesumme mam Service Repas sur roues 🍲.
Kommt laanscht, informéiert iech iwwer eis Haiser an eis Servicer a schmaacht eng lecker Zopp vun eisem Repas-sur-Roues-Team!
Spillt och bei eisem Glécksrad 🎡 mat a gewannt flott SERVIOR-Artikele bis zu engem Iessen fir zwou Persounen an enger vun eisen Haiser
Mir freeën eis op äre Besuch 💬
#servior #CactusHowald #beimklouschter #repassurroues #glécksrad #senioren #luxembourg #liewenamalter #DenAlterLiewen … Voir plusVoir moins
☀️ Leschten Dag zu Teneriffa
De leschte Reesdag stoung ganz am Zeeche vun der Entspanung: Mir hunn nach eemol déi waarm Sonne genoss, am Hotel profitéiert an e Spadséiergang gemaach, fir déi lescht Souveniren ze kafen. Owes hunn sech all nach eemol op der Terrass getraff, fir zesummen e schéint Ofschlossiessen ze deelen. ✨
Mir waren all begeeschtert vun der Frëndlechkeet vum Personal am Hotel Jardines Nivaria an dem perséinleche Service, deen den Openthalt nach besser gemaach huet. D’Installatioune waren perfekt un eis Bewunner ugepasst.
✈️ E grousse Merci och un d’Agence JERRYTRAVEL, déi eis vun Ufank u kompetent beroden an ënnerstëtzt huet, sou wéi u @luxairtours , fir den exzellente Service wärend dem ganze Séjour.
#Reesen #Teneriffa #ZesummenErliewen #DenAlterLiewen #serviorontour … Voir plusVoir moins
🎨 Haut war de Vernissage vun der Ausstellung "Freed un der Konscht an um Handwierk an eisem Haus Sanatorium zu Vianden!
Dës Konschtausstellung war eng super Zesummenaarbecht mat der APEMH.
🖼️ D’Ausstellung ass nach bis den 12. November ze gesinn, vu Méindes bis Freides tëscht 8 an 17 Auer.
📍 Sanatorium Vianden – 10, Maison de Soins de l’État, L-9440 Vianden
Kommt laanscht a loosst iech vun dëse schéinen Aarbechten inspiréieren! 💫
#SERVIOR #APEMH #Konschtausstellung #Vianden #Konscht #Handwierk #Zesummen #DenAlterLiewen … Voir plusVoir moins