Madamm Hilda Gils-Groeff aus dem SERVIOR-Haus “Bei der Sauer” huet hire 95. Gebuertsdag gefeiert

14/10/19 | Catégorie

Déi um 3. Oktober 1924 gebuere Stolzebuergerin aus dem SERVIOR-Haus “Bei der Sauer” kann op en erfëllt Liewen zeréckkucken. D’Madamm Gils-Groeff erzielt gär aus hirem Liewen a vun hire 4 Kanner, 10 Enkel- an 10 Urenkelkanner.

Als “benjamine” vu 7 Kanner huet d’Hilda Groeff no der Primärschoul an engem Joer Haushaltungsschoul am elterlechen Bauerebetrib zu Stolzebuerg mat gehollef.

Matten am Zweete Weltkrich, am Alter vun 20 Joer, huet si hiren Mann, den Emile Gils, kennegeléiert, deen sech als Krichsdéngschtverweigerer an engem Schutz-Bunker verstoppt hat. D’Hilda Groeff huet gehollef hire spéidere Mann wärend där schwéierer Zäit ze versuergen. D’Koppel huet sech am August 1947 zu Stolzebuerg bestuet. Matt hirem Mann ass si dunn op Veianen geplënnert, wou d’Madamm Gils-Groeff bis 2005 gewunnt huet. Aus deem Mariage si véier Kanner ervirgaang. Leider ass den Här Gils schonns 1971 verstuerwen.

D’Madamm Gils-Groeff wunnt säit der Ouverture am Joer 2013 am SERVIOR-Haus “Bei der Sauer”. “Hei huet d’Mme Gils ëmmer gäre mat anere Bewunner zesumme gekacht, gebak an gestréckt“, verréit de Chargé de direction Raymond Coenen a senger Laudatio. Si huet schonn ëmmer gär Kaarte gespillt, fréier mat Frëndinnen am Pensionat an haut nach all Méindes wann hier Niess op Besuch kënnt fir eng Partie Rammie. Hier Dëschnopesch kënnt och alt bei si an d’Kummer fir “hiert Spill” – Rummicup – ze spillen.

“Si ass immens gär op London gereest bei hir zwee Meedercher, déi an England liewen. Si seet, si géing sech besser zu London auskennen wei hei an der Stad”, erzielt de Raymond Coenen. D’Mme Gils ass ganz gleeweg, biet all Dag an huet nach bei bal kengem Rousekranz am SERVIOR-Haus gefeelt. “Am Rousekranz vum Haus huet si guer net gäre wann net am Rhythmus gebiet gëtt”, betount den Direktiounsbeoptraagten wärend der Gebuertsdagsfeier.