A’Musée: Weelzer Senioren a Kanner vun Wëntger hunn sech besser kennegeléiertA’Musée: Weelzer Senioren a Kanner vun Wëntger hunn sech besser kennegeléiert

10/06/14 | Catégorie

Beim Projet zu Wolz mat de Leit aus der Geenzebléi vu SERVIOR an de Kanner aus der Maison Relais vu Wëntger, louch de Schwéierpunkt op dem INTERGENERATIONNELLEN, dat heescht, bei den ugebueden Aktivitéiten ass et em den Echange zwëschent Jonk an Aal gaangen.

Bei deenen 6 Kéiere wou mir zesumme komm sinn, hunn mir eis kennegeléiert, mir hunn zesumme Musek gemaach, zesumme gekacht a gemoolt. War am Ufank nach vläicht e bëssen Distanz zwëschent Jonk a Aal, sou ass, duerch zesummen Aktivitéite maachen, erliewen an driwwer schwätzen, schnell eng flott Atmosphäre entstanen an de Wellen dass mir eis am léifsten weider als Grupp wéilten gesinn.

Déi Erwuessen an d’Kanner konnte feststellen dat , trotz engem Altersënnerscheed vu bis zu 80 Joer, mir awer vill Gemeinsamkeeten hunn an och wa mir net an der selwechter Liewensphase sinn, mir awer gutt mateneen kennen ëmgoen.

Jacques Laures, A’Musée

À propos A’Musée
Den A’Musée ass eng kleng ASBL. Mir bidde Kanner an Erwuessener Aktivitéiten un, fir hiert soziaalt a kulturellt Ëmfeld besser kennenzeléiren.
www.amusee.net

SERVIOR – Wer wir sind
Mit etwa 1600 Betten ist SERVIOR der größte Betreiber von Wohnstrukturen für ältere Menschen in Luxemburg. Derzeit verwaltet SERVIOR 15 Einrichtungen, darunter 8 Altenheime (CIPA), 6 Pflegeheime und 1 Seniorenresidenz. Außerdem bietet SERVIOR regelmäßig 400 Menschen in 20 verschiedenen Gemeinden Essen auf Rädern an. Das öffentlich-rechtliche Unternehmen wurde durch das abgeänderte Gesetz vom 23. Dezember 1998 gegründet und beschäftigt heute rund 1600 Mitarbeiter, davon mehr als die Hälfte im Pflegebereich. 

Pressekontakt
SERVIOR
Sophie Thomé
61, rue Vauban
L-2663 Luxembourg
Tél: 46 70 13-2038

Fax: 46 70 13-2200
s.thome@servior.lu
www.servior.lu