Musikalesch Erënnerung : Biller di beweegen

14/01/20 | 20 ans, Actualité

Den 10. November huet de Jean Huybrechts e meeschterhaften Uergelconcert an der Kierch Saint-Etienne zu Uewerkuer ginn. Den iwwer achtzeg Joer jonken Escher, mëttlerweil Pensionär an der maison des soins « Thillebierg » zu Déifferdeng, pfleegt eng ganz enk Bezéiung zu dësem Instrument, deem säin Titulaire hien an der Dekanatskierch hei an der Metropol du Fer war. Et ass seng Aart a Weis gewiescht 20 Joer SERVIOR ze feieren an esou di Animatiounen di hie soss all Dag fir seng Zëmmernoperen an der Pensioun bereethält dës Kéier an engem monumentale Kader opzeféieren. A wann de quickfidelen Museker senger Leidenschaft weiderhin ka nogoen, dann as dat och de Verdéngscht vun der Fondatioun EME (Besser lauschteren, besser verstoen) « di d’Zesummeliewe fërdert duerch d’universell Sproch vun der Musek ». D’Fondatioun huet eng ganz beréirend Videodoku gedréint (« Aus den Fugen ») di erkläert virwat de « Johny » och mat 86 nach seng Gamme spillt, wéinst sengem jugendlechen Enthusiasmus an awer och engem Ëmfeld wat him gutt gesënnt ass.