Bei der Sauer: D’Amicale huet de Bewunner e Piano gestëft

20/04/17 | Catégorie

D’Amicale aus der Maison de soins Bei der Sauer vun Dikrech huet dëst d’Joer de Bewunner aus dem Haus e Piano gestëft. Am Kader vun enger klenger Feier gouf de Piano Ufanks Abrëll ageweit. Am Numm vun den Bewunner an den Mataarbechter huet de Raymond Coenen a senger Funktioun als Chargé de Direction der Amicalespräsidentin Julie Müller ganz häerzlech Merci gesot.

Fir de musikaleschen Encadrement huet den Trio ARS NOVA LUX mam Kae Shiraki (Piano), Maria Miteva (Flütt) a Luisa Mauro (Gesank) gesuergt.

D’Bewunner woren begeeschtert vun der ganz besonnescher Musek. Verschiddener woren esou beréiert, dass esouguer Tréinen gefloss sinn.

An enger klenger Paus huet d’Amicale de ronn 70 Gäscht eng Coupe Crémant, Kaffee a Kuch servéiert.

Über SERVIOR
Mit 1650 Betten ist SERVIOR der größte Betreiber von Wohnstrukturen für ältere Menschen in Luxemburg. Derzeit verwaltet SERVIOR 15 Einrichtungen, darunter 8 Altenheime, 6 Pflegeheime und 1 Seniorenresidenz. Außerdem bietet SERVIOR regelmäßig 650 Menschen in 26 verschiedenen Gemeinden Essen auf Rädern an und betreibt eine Tagesstätte für Senioren. Das öffentlich-rechtliche Unternehmen beschäftigt über 1750 Mitarbeiter, davon mehr als die Hälfte im Pflegebereich.