D’Bewunner an d’Mataarbechter vum SERVIOR-Haus « Schlassbléck » zu Veianen soen hirer Amicale e grousse MERCI

17/06/21 | Actualité, Nous allons bien

Och fir d’Amicale vum Fleegeheem « Schlassbéck » zu Veianen war dat läscht Joer villes anescht wéi gewinnt:

Och wann si gehollef hunn wou si konnten, war et awer net dat selwecht: den Ausfluch mat de Bewunner op der « Marie-Astrid » ass an d’Waasser gefall, dat traditionellt Summerfest konnt net organiséiert ginn, Chrëschtdag ass méi kleng ausgefall an un deen allsäits beléiften « Thé dansant » war net ze denken.

An obwuel all des Aktivitéiten net ënnert der bekannter Form konnte stattfannen, sou waren si awer permanent am Hannergrond aktiv, dëst mat klengen a grousse Gesten:

D’Bewunner hunn sech iwwert en neien Therapievelo konnte freeën a jidderee krut och en neie Fön geschenkt.

D’Ergotherapeute konnten neit Material mat de Bewunner ausprobéieren a fir de Stockage vum Material goufen nei Boxen organiséiert. 

Eng besonnesch grouss Freed fir d’Bewunner war déi nei Indoor-Keelebunn, déi och mam Rollstull ka bespillt ginn, an d’Mataarbechter hunn sech iwwert e Bong fir e gutt Iesse gefreet.

D’Bewunner an d’Mataarbechter vum « Schlassbléck » soen hirer Amicale vun Häerzen « e grousse Merci » an hoffen dass geschwënn erëm méi gemeinsam Momenter wäerte méiglech sinn.