19 Jubilaren zu Nidderkuer

01/12/20 | 20 Jahre, Aktualität

19 Bewunner aus dem SERVIOR-Haus « Um Lauterbann » zu Nidderkuer goufen fir hiren ronnen Gebuertsdag geéiert, deen si am éischten Semester vum Joer 2020 konnte feieren. Déi sanitär Distanz huet net verhënnert, dass – am klenge Krees – e « Fest vum héijen Alter » konnt organiséiert gin.

De Claude Parisi, Chargé de Direction vum Haus, war bei dësem speziellen Dag begeleed vun der Amicale, representéiert duerch hiren President de Jean-Louis Weber, de Vizepresident Alain Bauler an de Memberen Marie-Louise Berens an Christelle Melchior, déi deenen 19 Residenten eng kleng Opmierksamkeet iwwerreecht hunn.

Gléckwënsch a Kaddoen goungen un: Marguerite Robinet (70), Georgette Junker (75), René  Colbach (80), Irma  Colbach-Ludes  (80), Cécile Ferri-Guiliani (80),  Georgette Treis-Wantz (80), Jean-Pierre Welter (85), Anita Manderscheid-Guttner (85), Josef Bevilaqua (85), Marguerite Hoffmann (90), Marie Jacquemoth-Schmit (90), Teresa Brajon-de-Matteo (90), Juliette Claude-Erpelding (90), Marianne Reiners-Seidel (90), Jean-Joseph Schmitz (90), Germaine Momper-Muller (90), Léonie Knerr-Roller (95) an Marguerite Steil-Ugen (95).

X