Déi undauernd Isolatioun op Grond vum Corona-Virus mécht d’Liewen an de Fleege- an Altersheemer net méi einfach. Schonn eleng de Mask deen d’Personal um Gesiicht muss droe mécht d’Relatioun mat de Bewunner komesch.
D’Oploe sinn do a jidderee passt sech deem mat gudder Laun un. Wéi soll een dobaussen nëmme weisen, dass d’Liewen normal weider geet, an dat trotz de Verschrëften am Verhalen an der Distanz? Den Torsten Jacobs, Chargé de Direction vum CIPA “Belle-Vue” zu Iechternach ass Batteur an der Band “Steil & Hart”. Hien huet, zesumme mat senge Band-Kolleegen decidéiert an dëser Krise e Lidd ze schreiwen an dëst de Bewunner vu sengem Haus ze dediéieren. Säin Thema: “de Reebou, als Band tëschent de Mënschen, dee Hoffnung a Liicht bréngt”.
Jiddereen huet eng Hand ugepaakt: d’Fleege- an Encadrementspersonal gëtt den Tempo vir an d’Bewunner weise mat hirem Laachen, dass trotz der aussergewéinlecher Situatioun, alles an der Rei ass, dass si gutt versuergt sinn an et hinne gutt geet.
E Video deen een onbedéngt muss kucken, an nach eng Kéier….