Den 12. Oktober war et endlech sou wäit: SERVIOR Woiwer, dat neit Doheem fir eeler Leit zu Déifferdeng, huet seng Dieren opgemaach.
80 Bewunner vum “Thillebierg” sinn deen Dag geplënnert. Mat hinnen och all hier Saachen, Miwwel, perséinlech Dekoratioun, Kleedungsstécker…
Eng grouss logistesch Erausfuerderung awer eng grouss Freed fir dës Residenten an eis Mataarbechter, déi als éischt an dësem fonkelneien a moderne Gebai mat all Confort en neit Doheem fonnt hunn – HEI e klenge Réckbléck op dësen opreegenden awer freedegen Dag.
[Am November sinn et dann 60 Residenten vum SERVIOR Roude Fiels, déi hei eraplënneren an no an no wäerten nei Bewunner dës Liewensgemeinschaft komplett maachen]