“Wat géif geschéie wann Är perséinlech Informatiounen an d’Hänn vun onéierleche Persounen oder Organisatioune géife geroden?”
Den Ëmgang mat Informatiounen ass fest verbonne mat Responsabilitéit a Wuechtsamkeet a säit elo knapp 3 Joer (25. Mee 2018) gëtt et den “RGPD” – e Reglement fir de Schutz vu privaten Donnée’en.
Fir eis Mataarbechter am Ëmgang mat sensibelen Informatiounen ze forméieren, huet SERVIOR, zesumme mat sengem “Data Protection Officer”, dem Matthieu Gatineau, e modernen an dynamesche Formatiounsblock opgebaut, dee ronderëm d’Gestioun vun sou Donnée’en am professionellen Alldag dréint:
“Mat der Hëllef vun engem virtuelle Casque ginn eis Mataarbechter an eng quasi reell Situatioun projezéiert an duerch e Rollespill léieren si op eng spilleresch a participativ Aart a Weis wéi ee mat de richtege Gestë ka privat a professionell Informatioune protegéieren.
Duerch d’Andauchen an zb eng virtuell Infirmerie an dat aktiivt Deelhuele gëtt dat Erlieften zu bis zu 90% besser verhalen.
Dës Formatiounen adresséieren sech un all eis Mataarbechter a ginn a verschiddene Beräicher simuléiert, sief et an enger Infirmerie, engem Büro an awer och dem Home Office.
De Retour vun de Mataarbechter als Reaktioun op des neiaarteg Formatioun ass ganz positiv an den “RGPD” mat dem domadder verbonne Schutz vu privaten Informatioune gëtt nach méi als wichteg Grondastellung an den Alldags-Gestë verankert.”