De 15. a 16. Oktober huet am Iechternacher SERVIOR Belle-Vue en Konscht-Festival stattfonnt: 9 verschidde Kënschtler hunn an ënnerschiddleche Work-Shop’en hir Passioun virgestallt an d’Bewunner kruten all méiglech Erklärungen oder konnte selwer Hand uleen.
Dëst waren:
– M. Afrim Kurtisi Mataarbechter am Belle-Vue mat senger Holzschnëtzerei
– Mme Nathalie Jost: keltesch Musek op der Harf, Gittar a verschidde Fluten
– Mme Goniva Antoinette geschneidert Poschen aus Kork
– Mme Goniva Liliane geheekelt Poppen
– M. Rapahaël Neumann a Kolleegen, déi 4 Conservatoire Schüler hunn mat enger Jam-Session begeeschtert
– Kaarten zesumme gebastelt mat eiser Mataarbechterin Mme Marianne Jaminon
– Schëitzereien aus Lieder mam Bewunner M. Antoine Gruber
– gemoolte Biller a Workshop mat der Mme Mariette Bintener
– Billerausstellung an der Kapell vum M. Jürgen Theisen
Alles an Allem en ofwiesslungsräichen an interessante Festival, wou villes gebuede war a munchereen eventuell en neien Hobby fir sech entdeckt huet.