Jobday zu Dikrich: SERVIOR mecht matJobday zu Dikrich: SERVIOR mecht mat

13/05/13 | Catégorie

Den Jobday ass eng Initiativ vun der Nordstadjugend a.s.b.l. mat deenen 2 Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck an dem Service National de la Jeunesse. Hei geet et drëms di Jonk ze sensibiliséieren aktiv ze gin, an a Kontakt ze trieden mat den existéirenden spezialiséierten  Servicer  a verschiddenen Patron’en an der Nordstad.

De 16. Mee fënnt an deem Kader eng lokal Foire statt, déi sech u Jonker, am Alter tëscht 15 an 30 Joer, an hiir Elteren adresséiert a wou verschidde Servicer surplace sinn wéi zBsp d’ADEM, d’Orientation professionnelle, d’Action Locale pour Jeunes, CPOS/SPOS, www.anelo.lu,… an eben och verschidde Patron’en déi ënner Emstänn di eng oder aaner Léierplaaz fir 2013/2014 ubidde kënnen.

Den Jobday soll deemno Jonker motivéieren hiir Zukunft aktiv an d’Hand ze huelen an di néideg Kontakter ze maachen.

(Text: Nordstadjugend.lu)

Informatiounen zum Dag
Wéini: Donnerstes, 16 Mee 2003
Um weivill Auer: 17h00-20h00
Wou: Al Seeërei zu Dikrich
Affiche: hei klicken