Invité vum Dag – Gymkhana: Gesondheets-a SécherheetsdagInvité vum Dag – Gymkhana: Gesondheets-a Sécherheetsdag

12/06/14 | Catégorie

Muer de Moien, 13. Juni, steet den Bäitrag vum “Invité vum Dag” um Radio 100,7 ganz am Zeechen vun der Sécherheet an der Gesondheet. D’Stëftung Hëllef Doheem, SERVIOR an den Tricentenaire, dräi wichteg Akteuren aus dem sozialen Beräich hunn sech zesummendon, fir de Samschden, 28 Juni um Site vum CFC zu Colmar-Bierg, een ganzen Dag z’organiséieren, wou sech alles ronderëm d’Gesondheet, d’Mobilitéit, d’Sécherheet an d’gesond Ernährung dréit.

Am Kader vum “Invité vum Dag” schwätzen de Laurent Braun vu SERVIOR an d’Nathalie Schmit vun den Stëftung Hëllef Doheem iwwert dat Event, wéi et dozou koum an op wat en sech kann astellen wann een dohinner geet.

Souvill séif scho gesot: et gëtt ee prakteschen, informativen a spillereschen Dag fir d’ganz Famill, mat vill Atelieren fir Saachen auszeprobéieren: vu Feier läschen, iwwer Réckeschoul, Bokwa-Animatioun oder méi ecologescht Autofueren ass aller derbäi.

Et gouf och ganz speziell un d’Kanner geduecht mat engem Stelzeparcours, speziellen Feierläschaktiounen a ganz vill Spiller.

Hongresch wärt keen heem goen. Um Menu: Eng Frell aus der Our, eng Saucisse aus ökologeschem Rand- a Schwengerfleesch oder Nuddelen aus dem Wok mat Geméis. An en plus e groussen Zaloten- a Kuchenbuffet. Fir déi besonnesch Schneekesch ginn et Gaufren a frësch Glacen.Muer de Moien, 13. Juni, steet den Bäitrag vum “Invité vum Dag” um Radio 100,7 ganz am Zeechen vun der Sécherheet an der Gesondheet. D’Stëftung Hëllef Doheem, SERVIOR an den Tricentenaire, dräi wichteg Akteuren aus dem sozialen Beräich hunn sech zesummendon, fir de Samschden, 28 Juni um Site vum CFC zu Colmar-Bierg, een ganzen Dag z’organiséieren, wou sech alles ronderëm d’Gesondheet, d’Mobilitéit, d’Sécherheet an d’gesond Ernährung dréit.

Am Kader vum “Invité vum Dag” schwätzen de Laurent Braun vu SERVIOR an d’Nathalie Schmit vun den Stëftung Hëllef Doheem iwwert dat Event, wéi et dozou koum an op wat en sech kann astellen wann een dohinner geet.

Souvill séif scho gesot: et gëtt ee prakteschen, informativen a spillereschen Dag fir d’ganz Famill, mat vill Atelieren fir Saachen auszeprobéieren: vu Feier läschen, iwwer Réckeschoul, Bokwa-Animatioun oder méi ecologescht Autofueren ass aller derbäi.

Et gouf och ganz speziell un d’Kanner geduecht mat engem Stelzeparcours, speziellen Feierläschaktiounen a ganz vill Spiller.

Hongresch wärt keen heem goen. Um Menu: Eng Frell aus der Our, eng Saucisse aus ökologeschem Rand- a Schwengerfleesch oder Nuddelen aus dem Wok mat Geméis. An en plus e groussen Zaloten- a Kuchenbuffet. Fir déi besonnesch Schneekesch ginn et Gaufren a frësch Glacen.