Schéin Téin um éischten Dag aus dem SERVIOR Woiwer

19/10/22 | Aktualität

Nieft de sëllege Miwwel, perséinlechen Dekoratiounsobjeten an de Kleeder vun de Bewunner, ass ee ganz besonnescht Stéck mat vum “Thillebierg” an dat neit Haus SERVIOR Woiwer geplënnert ginn: Dem Här H. säi Piano. Als fréieren Organist huet hien och an der Vergaangenheet ëfters mat senger musikalescher Konscht senge Matbewunner flott Momenter bereet.

Leschte Mettwoch, um Plënnerdag, wéi hien a säin neit Doheem, de SERVIOR Woiwer komm ass a säi Piano do schonn op hie gewaart huet, huet hie spontan seng Hänn un d’Taste geluecht an de Residenten an de Mataarbechter, voller Freed a Stolz, e Lidd gespillt.