Télévie 2017: Concert vun de Rhummer Gospel

01/02/17 | Catégorie

Am Kader vum Télévie 2017 ginn d’Rhummer Gospel e Samschden, 4 Februar um 16:00 ee Concert um Bazar zu Barteng am Centre Attert.

Méi Informatiounen (servior.lu)

À propos vun de Rhummer Gospel
D’Rhummer Gospel bestinn aus ronn 20 Damen zwëschent 75 a 97 Joer. Si wunnen all “Op der Rhum” an dreemen vun enger internationaler Carrière, engem Tourbus an Autogrammkaarten. Si sangen Gospel, wéi wann se ni eppes aneres gemaach hätten. Gefillvoll, zaart, dynamesch a voller Temperament. Wann een se gesäit an héiert, ass een einfach verzaubert. Wat si ausmécht: Begeeschterung um Sangen, Energie an eng onwahrscheinlech Liewesfreed…

Rhummer Gospel ass eng Initiative aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum”. De Chouer existéiert säit 2014. Ënnerstëtzt gëtt en vun enger Réi SERVIOR-Mataarbechter a fräiwëllegen Museker a Sänger. 2015 ass de Grupp fir d’éischte Kéier am Kader vum Blues’n Jazz Rallye an der Stad opgetrueden. Chouerleeder ass den Robert Bodja.

À propos vu SERVIOR
Mit 1650 Betten ist SERVIOR der größte Betreiber von Wohnstrukturen für ältere Menschen in Luxemburg. Derzeit verwaltet SERVIOR 15 Einrichtungen, darunter 8 Altenheime, 6 Pflegeheime und 1 Seniorenresidenz. Außerdem bietet SERVIOR regelmäßig 650 Menschen in 26 verschiedenen Gemeinden Essen auf Rädern an und betreibt eine Tagesstätte für Senioren. Das öffentlich-rechtliche Unternehmen beschäftigt über 1750 Mitarbeiter, davon mehr als die Hälfte im Pflegebereich.